|
|
Des Saiten sin ab dem 15.09.2008 offline a gin net méi aktualiséiert. Vu que dass keng Informatiounen saitens den Gemengeverantwortlechen nach vun den Bierger déi d' Gemeng Duelem betreffe un meng nei Adresse weidergeleed gin hun ech entscheed, des Saiten net méi weiderzeféieren. Ab dem 15. August wunnen ech net méi zu Duelem, mee am schéinen Norden an esou' as et ouni Ënnerstëtzung net méi méiglech all aktuell Informatiounen online ze setzen (waat villaicht verschidden Leit och léiwer as wéi een am Gästebuch noliesen kann.
Ech soen deenen villen Besicher (iwer 290.000 an 3 Joer) villmools merci fir d'Interesse an wënschen jidderengem daat, waat e mir wënscht! Insgesamt sin iwer 1000 Stonnen privat Zait an desen Site investéiert gin, an duerfir loossen ech deen als Archiv nach e bessen weiderlaafen. Ech soen Iech merci an alles Guddes!
Gilles Bernard |
| Dësen Site ass eng 100% privat Sait, duerfir si mir op all Hëllef, Matarbecht, Ennerstëtzung, Kritik an Ideen ugewisen. Den Site get idealerweis ab enger Bilschirmopléisung vun 1024 x 768 Pixel ugewisen. Den Webmaster seet Iech villmools merci! © 2002-2007 Dalheim-Online by www.computerhellef.lu Samupc Lëtzebuerg Hosting gesponsert vun www.root.lu |